Wéi kënne mir eise Steiersystem fir eng méi nohalteg Zukunft transforméieren? De Georges Bock, Finanzexpert a Grënner vu Moniflo, diskutéiert seng Visioun fir eng Steierreform, déi Ressourcenverbrauch an Emissiounen besteiert, an net nëmmen d’Aarbecht. Hien erkläert, wéi gréng Investissementer an digital Technologien eis Wirtschaft kënnen transforméieren, a wisou "green goes digital" méi wéi e Slogan ass.
Dir wäert iwwerrascht sinn: Ass eng nohalteg Wirtschaft vläicht méi rentabel wéi eng traditionell? Lauschtert dës Episode elo op alle Plattformen an abonnéiert eis op Instagram (@oneplanet_20futures) an op LinkedIn (@csdd_nohlategkeetsrot).
Méi Informatiounen:
Moniflo: https://en.moniflo.com/
Tax Shift by CSDD: https://csdd.public.lu/content/dam/csdd/fr/actualites/2023/07/the-taxshift-etude-de-cas-luxembourg-rsum-excutif-fr.pdf
ESMA Studie: Säit 24, https://www.esma.europa.eu/sites/default/files/2025-01/ESMA50-524821-3525_ESMA_Market_Report_-_Costs_and_Performance_of_EU_Retail_Investment_Products.pdf
Georges Bock op LinkedIn: https://www.linkedin.com/in/georgesbock/
D'Rubricken:
06:00 - D’Fro vun der Nohaltegkeet
12:15 - Top Flop
14:44 - Fakten, Fakten, Fakten
24:45 - De kritesche Geescht
An dëser Episode schwätzt eisen Host, de Cédric Reichel, matt der Dr. Stéphanie Zimmer iwwert Landwirtschaft, Ernärung a Biodiversitéit. D’Stéphanie ass Directrice vum IBLA...
Eisen Host, de Cédric Reichel, présentéiert de fonkelneie Podcast "One Planet, 20 Futures" vum Nohaltegkeetsrot. Hei geet et em d'Zukunftsvisioun vun 20 spannende Leit...
“D’Zukunft ass net méi dat wat se mol war” seet de Gilbert Pregno, Psycholog a systemeschen Psychotherapeut, fréiere Präsident vun der Mënscherechtskommissioun. Wat heen...