Wéi eng Roll spille Gemengen an der Nohaltegkeet? An dëser Episod vu One Planet, 20 Futures schwätze de Cédric Reichel, eisen Host, mat enger Persoun, déi net just iwwer Verännerung schwätzen, mee se och ëmsetzt: de Mike Poiré, Buergermeeschter vun der Gemeng Mäerzeg.
Zesummen entdecke mir wéi eng Gemeng als Motor fir ee positive Wandel ka wierken, wat dofir néideg ass a wat dat ganzt matt Gemeinwohlökonomie ze dinn huet. Kann dat de Standard ginn?
Eng Episod iwwer Politik, déi net nervt, an Decisiounen, déi net nëmmen um Pabeier gutt kléngen. Lauschtert elo fir eraus ze fannen wéi! Dir fannt eis op alle Plattformen wou et Podcasts ginn.
Méi Informatiounen:
D’Rubricken:
15:34 - D’Fro vum Nohaltegkeetsrot
20:27 - De kritesche Geescht
25:28 - Fakten, Fakten, Fakten
26:10 - Top Flop
An dëser Episode schwätzt eisen Host, de Cédric Reichel, mam Dr. Stefan Maas, Professer op der Universitéit Lëtzebuerg fir Ugewante Mechanik an Energie Effizienz....
An dëser Episod schwätzt eisen Host, de Cédric Reichel matt der Responsable fir Erneierbar Energien bäi Enovos, Dr. Anouk Hilger, iwwer d’Energietransitioun a wéi...
„Mir mussen anescht wuessen“ seet den Dr. Serge Allegrezza, fréieren Direkter vum STATEC wärend 20 Joer. An dëser Episode vun One Planet, 20 Futures...