An dëser Episode schwätzt eisen Host, de Cédric Reichel, matt der Dr. Stéphanie Zimmer iwwert Landwirtschaft, Ernärung a Biodiversitéit. D’Stéphanie ass Directrice vum IBLA (Institut fir biologesch Landwirtschaft an Agrökologie Luxemburg) an ass bekannt fir d’Leguminosen (also d’Hülsenfrüchte) op Lëtzebuerg bruecht ze hunn.
Wat kënne mir zu Lëtzebuerg fir eng nohalteg Landwirtschaft maachen? Wat sinn d’Hoffnunge fir d’Zukunft a wat ass d’Situatioun am Moment? Wéi kënne mir zu Lëtzebuerg Ernärungssecherheet garantéiren a gläichzäiteg Zäregaser ofbauen, a Biodiversitéit opbauen? Wat fir eng Roll spille Bio Labels a Bio-Baueren an dem Szenario? All dat gitt dir an dëser Episode gewuer. Lauschtert eis op YouTube, Spotify, ApplePodcasts oder Deezer!
Méi Informatiounen:
D’Rubricken:
06:34 - Fakten, Fakten, Fakten
10:43 - Top Flop
19:40 - D’Fro vun der Nohaltegkeet
22:19 - De kritesche Geescht
An dëser éischter Episode schwätzt eisen Host, de Cédric Reichel, mam Marguy Kohnen iwwert Nohaltegkeet zu Lëtzebuerg. D'Marguy Kohnen war 20 Joer laang am...
An dëser Episode schwätzt eisen Host, de Cédric Reichel, mam Dr. Stefan Maas, Professer op der Universitéit Lëtzebuerg fir Ugewante Mechanik an Energie Effizienz....
Eisen Host, de Cédric Reichel, présentéiert de fonkelneie Podcast "One Planet, 20 Futures" vum Nohaltegkeetsrot. Hei geet et em d'Zukunftsvisioun vun 20 spannende Leit...