“D’Zukunft ass net méi dat wat se mol war” seet de Gilbert Pregno, Psycholog a systemeschen Psychotherapeut, fréiere Präsident vun der Mënscherechtskommissioun. Wat heen domat mengt, ass dass et fréier ee „festgeluechte“ Wee gouf, deen d’Leit gaange sinn an deen huet Sécherheet, Stabilitéit an fir Hoffnung gesuergt. Haut des Daags, an Zäite vun enger Klimakrise, enger weltwäiter Pandemie wéi mer se haaten a Kricher déi sech konstant intensivéiren ass dat net méi méiglech. Wat ass d’Zukunft fir déi Jonk dann? Dat ass d’Fro déi de Cédric Reichel, eisen Host, zesumme mam Gilbert Pregno an dëser Episode diskutéiert. Wéi kenne mir als Gesellschaft de Jonken Hoffnung ginn, hire Courage amplifiéieren an si ënnerstëtzen? Wéi können mer, di „Aal“ vun hiirer Begeschterung, Intelligenz an Engagement profitéieren a vun hinnen léieren.
Et ass eng spannend Episode matt ganz ville Facetten, mee och schwieregen Themen, déi Gefiller vun der Machtlosegkeet an Hoffnungslosegkeet opkomme kënne loossen. Wann iech, di Jonk, dat betrëfft, da fannt Dir hei Hëllef: https://www.kjt.lu/fr/1-1-6-1-1-1/ oder rufft um 116 111 un.
Lauschtert eis Episode op ärer Lieblingsplattform an abonnéiert “One Planet, 20 Futures”!
Méi Informatiounen:
Podcast Recommendation: Lët’z Inform vun Jugendinfo.lu
Rubricken:
12:20 - D’Fro vum Nohaltegkeetsrot
16:49 - De kritesche Geescht
19:21 - Top Flop
24:03 - Fakten, Fakten, Fakten
Ce dernier épisode de « One Planet, 20 Futures » nous ramène vers le tout début, l’anniversaire du CSDD. Dans cet épisode Cédric Reichel...
Pour cet épisode, notre host Cédric Reichel a invité Jean-Baptiste Nivet pour parler du système de pension luxembourgeois. Jean-Baptiste Nivet est économiste senior chez...
An dëser éischter Episode schwätzt eisen Host, de Cédric Reichel, mam Marguy Kohnen iwwert Nohaltegkeet zu Lëtzebuerg. D'Marguy Kohnen war 20 Joer laang am...